1scht Hëllef no der Diagnos

Wisou den Zebra?

Medezinesch Studente goufen zënter Joerzéngte geléiert: « Wann Dir Huff Schrëtt hannert Iech héiert, erwaart Iech net en Zebra ze gesinn. » An anere Wierder, kuckt no der logeschster Diagnos.

E grousse Merci u Jiddereen dee bei eisem Concours, deen am Kader vum Sensibilisatiouns Mount fir den Ehlers-Danlos Syndrom statt fonnt huet, matgemaach huet.

Jidderee konnt matmaachen. Et gëtt och eppes ze gewannen, den éischte Präis sinn 100€, den zweete Präis si  50€, den drëtte Präis ass een T-Shirt an all déi aner wou matmaache kréien en Trouschtpräis.

D’Projetë sinn am Mee op de Soziale Medien gedeelt ginn.

Et wäert och e Bericht an eis EDS News kommen a fir eis Living Library stelle mer d’Projeten aus, do kann da Jiddereen se live bewonnere kommen an natiirlech ginn do och d’Präiser iwwerreescht.

Mir treffen eis all éischte Samschden um 10:00. Eis Touren hun 4-5 Kilometer. Mir freeën eis a gudder Gesellschaft mateneen ze trëppelen an ze poteren. Link fir d’Umeldung:

https://forms.gle/TtSJciACiWpuFDj86

Song Release

« Sief net sou pipeg . »

« Et ass net sou schlëmm. »

« Du gesäis dach gesond aus. »

Genee dofir gëtt et dëst Lidd. 🎵 « Jetzt » – kenn dir iwwerall lauschteren.

EDS. Onsichtbar fir vill. Real fir eis. All. Eenzelen. Dag. Péng. Erschëpfung. Grenzen. An trotzdeem funktionéiere mussen. Dëst Lidd ass eis Äntwert.

👉 Lauschtert eran och op Spotify

Wann Dir verstitt, ëm wat et geet – deelt et.

Wann net: lauschtert no.

Merci Franco, Merci Francesco, Merci Yanosch, Merci Jessica a Merci un all déi, déi eis ennerstëtzen.

Säit 2025 hu mer all zweete Mount den Zebra Apero, de leschte Sonnde vum Mount ëmmer um 11:00. Meeschtens iesse mer och dono zesummen. Umeldung

Mir si Member bei