iwwert eis

Eis Visioun

D’Allgemengheet informéieren an opklären iwwer den Ehlers-Danlos Syndrom.

Zur Verbreedung vun Informatiounen iwwer Screening a Methode vun Behandlunge fir den Ehlers-Danlos Syndrom bäidroen.

Informatiounen, Berodung an Ënnerstëtzung fir Leit mam Ehlers-Danlos Syndrom an Hëllef fir si an och hir Famill.

Wat sech fir eis ännere muss

Hei kenn dir eisen ëffentleche Bréif un d'Ministèren an d'Chamberparteien noliesen. Wann och dir op eis Living Library wëllt kommen, zéckt net iech unzemellen, wann der vum EDS betraff sidd an iech matdeele wëllt, sot eis Bescheed, mir freeën eis iech op eiser Living Library nozelauschteren.

Mat enger fréier Diagnos, kéinte mer mi einfach duerch d'Schoulzäit, duerch de Beruff an d'soziaalt Liewen. Wann den EDS fréi erkannt gëtt, stinn d'Chancë mat deem richtege Suivi gutt, datt een net muss d'Schoul ofbriechen oder an d'Invaliderent goen. Mat enger fréier Diagnos kann de Staat vill Gelder spueren.