10 mäerz 2023

Living Library

Liewensgeschichte vun Ehlers-Danlos Syndrom Betraffenen. Eis Missioun ass et d'Ëffentlechkeet op den Ehlers-Danlos Syndrom opmierksam ze maachen an hei hu mer eng aktiv an intressant Méiglechkeet fir Betraffener an Intresséierter gebueden.

Mir duerften 2 Temoignagen héieren déi eis alleguer am Sall immens beréiert hunn, Merci iech zwee.

Och e grousse Merci un d'Suessemer Buergermeeschtesch Mme. Simone Asselborn-Bintz, der Madame Anna Pluzhnikova vun der Direction de la Santé, dem Shirley Rohen , Presidentin vunn der ALAN, dem Dan Theisen, Direkter vunn der ALAN, eisem Mélanie fir d'Iwwersetzung. Dir sidd alleguer wonnerbar

Visioun

D’Zäit war ze knapp, dofir wäerte mer dëst Joer nach eng änlech Aktioun starten. Mir wäerten eng Gespréichsronn plangen. Stay tuned.

Living Library a General Versammlung

E grousse Merci un déi wonnerbar Mënschen déi bei eiser Living Library dobäi waren!