Campagne

"Onsiichtbar Helden" Campagne

E grousse MERCI un d'Helde vun dëser Campagne déi aus sech erauskomm sinn a weisen datt een d'Liewe vollstänneg genéisse kann a Spaass hunn, trotz enger rare Krankheet.

  • D’Kraaft vun engem richtege Superheld ass onsiichtbar. Genau wéi vill seele Krankheeten.

D’ASBL ALAN-Maladies Rares Luxembourg an EDS Lëtzebuerg hunn sech zesummegeschloss fir mat enger Kommunikatiounscampagne vu raren, onsiichtbare Krankheeten ze sensibiliséieren.

D’Campagne mat eise 14 Helden ass opgebaut op:

  • seele Krankheete sinn net ëmmer siichtbar
  • Och wann iergendeen « gutt » oder « gesond » ausgesäit, kämpfen se vläicht mat engem chroneschen Zoustand, wei dauernd Péng, Middegkeet, Iwwelzegkeet asw.
  • Et brauch een all Dag Kraaft a Courage, fir d’Erausfuerderunge vum Liewe mat enger seelener Krankheet unzegoen, awer nach méi fir géint mënschlech Virurteeler ze kämpfen
  • eng rar Krankheet ännert Äert Liewen awer definéiert net wien Dir sidd
  • Leit mat enger seelener, onsiichtbarer Krankheet siche kee Matleed, mee Versteesdemech. Dir kënnt dës Leit ënnerstëtzen andeems dir; hinne gleeft, nolauschtert, är Situatioun net mat hirer vergläicht, oppen an ouni Virurteeler sidd an natierlech andeems Dir dës Campagne deelt an un der Diskussioun op Facebook & Instagram deelhuelt!

D'Revue huet den 13 Oktober en super Artikel iwwer 4 Säite verëffentlecht. Villmools Merci un d'Heike Bucher fir d'Realiséiere vun deem super Text!!

D'Simone Molitor huet dësen Text, fir ons wonnerbar Campagne mat der Alan-Maladies Rares Luxembourg, geschriwwen. E grousse Merci fir di grouss Opmierksamkeet déi ons Campagne am Télécran krut!