Den 2te Mäerz 2023 an der Emissioun ' Am Fong ' mam Jean-Claude Majerus, eiser Presidentin Goedert Jessica an eisem Carla. Grousse Merci un den radio 100,7 fir hiert Interessi. Mir waren immens begeeschtert iwwert dat ganzt Hannergrondwësse vum Jean-Claude Majerus, et war e Genoss mat iech ze schwätzen.
Um Dag vum Rare Disease Day, dem läschten Dag am Mount Febuar, huet vunn der Gemeng Suessem, d'Annick Spellini en Interview mat eiser Presidentin Goedert Jessica publizéiert, mir soen hinne Merci fir dee schéine Reportage.
En Zitat vun der Ehlers-Danlos Society seet: “Medizinstudent·inn·e krute joerzéngtelaang Follgendes bäibruecht: ‘Wann dir Hufschléi hannert iech héiert, erwaart iech net en Zebra ze gesinn.’ An anere Wierder solle si no der heefegster a gewéinlechster an net der iwwerraschender Diagnos sichen.”
Lauschtert iech den intressante Podcast mam Sacha Lang, Inclusator a mam Jessica Goedert, Presidentin vun EDS Lëtzebuerg un.
E grousse Merci datt mer hunn dierfen am Podcast fir den Ehlers-Danlos Syndrom sensibiliséieren! Merci Susanna van Tonder / MS awareness & advocacy fir d'hierstelle vun dësem wonnerbare Kontakt.