Samantha

Hallo ech sinn d‘ Samantha, ech sinn 10 Joer al. Ech hunn eng rare Krankheet, déi heescht EDS. Do ginn et verschidde Varianten. EDS ass eng Ofkierzung fir Ehlers-Danlos Syndrom. Beim EDS ginn et vill Symptomer. Grob geholl ass et eng Bindegewebeschwächt. Bai jidderengem sinn d’Symptomer aneschters.

Ech ziele lo mol meng Symptomer op. Also ech hunn Asthma, Pollen Allergie, stepps Allergie, ech sinn op puer Iesssaach allergesch. Ech hunn kromm Féiss , kromm Been an eng Skoliosen uewen an ënnen am Réck. Dat ware scho vill Saachen.

Meng Mamma huet och den EDS. Sie huet nach vill méi Symptomer wie ech. Meng Mamma huet eng Facebook Säit gemaach, déi heescht EDS Lëtzebuerg .a.s.b.l.. Sie sinn amgaangen eng Homepage an en Flyer ze mann fir de Leit ze hëllefen. Da Mamma seng Frëndin heescht Nathalie. An d’Mamma heescht Jessica. Ech fannen dat ass en schéinen Numm. D’Mamma huet d’Pensioun, well si net méi schaffe kann wéinst dem EDS. D’Mamma hat eng schlescht Kandheet seet hat ëmmer. Dofir geet hat bei d’Corinne, hat ass eng Psychologin. Hatt ass mega léif.

An ech hunn och ee Brudder. Hien heescht Ben. Mir sinn ons sécher hien huet och den Ehlers-Danlos Syndrom. Mäin Brudder, ech a meng Mamma kruten nach keng Diagnosen. Ech gi bei vill Doktere fir mäin Alter seet meng Mamma.

Dat coolt ass dass ech an de Karate ginn. Ech hunn schonn eng hallef orange Ceinture. Mäin Brudder geet och an de Karate, mee ech mengen hie geet just an de Karate well ech ginn. De Ben gëtt sech nämlech keng Méi. Den Dokter sot et ass gutt dass ech an de Karate ginn. Et mécht och wierklech mega Spaass.

Et gi bal guer keng Dokteren hei am Land déi sech wierklech fir den EDS intresséieren. Et gëtt een Dokter an der Belsch den Dr. Daens. Hien huet selwer den Ehlers-Danlos Syndrom. Ech fannen dat ass gutt dass den Dokter selwer den EDS huet. Hien hellt sech fir all Kranken eng Stonn Zäit.

Mäin Pappa huet den EDS net. Hien intresséiert sech och guer net fir den EDS.

Mäin Brudder an ech ginn nächst Joer am Dezember bei den Dr. Daens. Et dauert ëmmer laang fir ee Rendezvous ze kréien.

Mee 2021