Medezinesch Studente goufen zënter Joerzéngte geléiert: « Wann Dir Huff Schrëtt hannert Iech héiert, erwaart Iech net en Zebra ze gesinn. » An anere Wierder, kuckt no der logeschster Diagnos.
Mir treffen eis all éischte Samschden um 10:00. Eis Touren hun 4-5 Kilometer. Mir freeën eis a gudder Gesellschaft mateneen ze trëppelen an ze poteren. Link fir d’Umeldung:
Säit 2025 hu mer all zweete Mount den Zebra Apero, de leschte Sonnde vum Mount ëmmer um 11:00. Meeschtens iesse mer och dono zesummen.Umeldung
Living Library IV
Grousse Merci u Jiddereen deen do war, dee mat gehollef huet, deen Deel geholl huet, deen trotz der net gudder Gesondheet bei eis war!
Merci och un d’Gemeng Helperknapp fir dee wonnerbare Sall!
Virun Allem Merci fir dee wonnerbaren Austausch.
De 14 September hate mir eisen Ausflug mat de Memberen. Mir waren A Robbesscheier an hu bei dräi Atelieren deel geholl. Päerdskutsch, Keramik a Käerzen, beim leschten hu mer sou gutt gelaacht datt mer vergiess hu Fotoen ze maachen 😉